Seite  2/2

Stäerzelen


Fir 2 Persounen:

1 L Waasser / eng Poutz Salz

300 - 400 gr. Wëllkischmiel

1/2 L Mëllich oder Ram

50 - 60 gr. Speck


Soubal  d'Waasser kacht, schëtt en d'Miel mateneen dran an t'réiert e bis ët eng glat a steif Knätzel as. Mat engem fettige Läffel gin d'Stäerzelen doraus gestach an op e Plättel geluegt.
D' Speckgréiwen, waarm Mëllich (oder Schmant), Britt oder Kaffi schëtt en driwer. D' Stäerzele schmaachen  och extra gutt an der Pan mat Botter ugebroden a mat engem Spigelee!

Wëllkischpaangich


Fir  2 Persounen:

4 Eessläffelen Wëllkischmiel

2 Eer

Salz

1/4 L Mëllich


D' Miel gët mat den Eer an dem Salz verréiert an opgeklappt. Mat der Mëllich den Deeg zimmlich dënnflëssig  verréieren an an der Paan baken. Wat méi dënn, wat besser!

(T'kann en och halëf Weessemiel huelen.)

Wëllkischpaangich schmaacht  zemols  mat lëtzebuerger Hunnig drop, oder mat Pastéiterchersfleesch dragewéckelt!

Wou as éist Miel ze kréien?



Home/Index             Unsere Imkerei         Bienenprodukte         Züchtung         Pubikationen       

ApisJungels  ©